top of page

Méiglechkeeten, Geschäfter a Restauranten zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun:

 

1) Fier eis alleguerten

 

 Iesswueren, akafen a Verpackungen:

 

-versicht Iesswueren net ze verbëtzen a benotzt d’Eco Box (a Kantinnen an a 79 Restauranten ze kréien (kuckt an der Lëscht méi wäit)

-Probéiert d’Wuer ier Dir se strikt nom Datum ewechgeheit, villes ass nach ouni Gefor ze iessen

-beim Akafen: benotzt d‘Eco-Tut, Akaafskuerf, Rucksak an och Cajoten déi prett do stin

-versicht keng Wueren mat Verpackungen ze kafen déi net kënne recycléiert gin; kaaft léiwer am Glas besonnesch d‘Gedrénks

-kaaft méi fair gehandelt Wueren

-zitt lokal geplanzten a produzéiert Uebst a Geméiss awer och Fleesch vier, verzicht op Wueren aus Masseproduktioun a kaaft Fësch aus nohaltegem Fang oder aus der Fëschzuucht a verzicht weg. op fäerdeg agepaaktene Fësch a Plastiks oder Styropors Barquetten

-probéiert manner Fleesch ze iessen an zitt biologescht Iessen ouni Pestiziden vier (Fleeschhierstellung verbraucht eng Onmass u Waasser)

 

-iesst manner —> Dir fillt Iech besser (manner Moproblemer): Iesspäck Ecobox (79 Restauranten)

-verschafft Iessreschter zu Plat‘en (Internet weist Iech Rezepter)

-vermeid och Artikelen mat vill Aluminium an zemols aluminium Kaffipads déi schwéier ze recycléiere sin --> Energieverloscht

-benotzt Cajoten amplaz vu Plastikstuten z.Bspl. am Naturata

-évitéiert den Iwerkonsum a frot Iech selwer ob Dir dee leschte Smartphone Modell wierklech braucht fier an der Moud ze sin

​

​

​

 Waasser:

​

-dréiht de Krunn zou wann Dir am Moment kee Waasser méi braucht --> manner Waasserverloscht z.Bspl. beim Zännbotzen

-dusche spuert Waasser am Verglach zu dem Fëllen vun enger Buedbidden (Dusch och net dauernd lafe loossen, mam Läppche wäschen ass dat spuersamst)

-Dir kënnt astellen dass manner Wassser aus dem Krunn kënnt —> manner Waasserverbrauch wann de Krunn awer mol länger opgedréiht ass oder vergiess gouf zouzedréihen

-drénkt Leitungswaasser wann et vu gudder Qualitéit ass (zu Lëtzebuerg ass Waaser dat am meeschte kontrolléiert Liewensmëttel)

-bei Neikaf, wielt eng mat start/stop Automatik aus

-benotzt Reewaasser fier Är Planzen ze netzen

-wa méiglech auto-recycled a benotzt Ärt Leitungswaasser doheem your drinking (Internet erklärt et)

-benotzt Är eege Waasserfläsch (a flottem Design ze kréien) amplaz dass Dir Waasser a Plastiksfläschen kaaft. plastic water. Opfëllplaatzen (kuckt op der Lescht)

​

-wielt éischter Gedrénks a glieserne Fläschen

​

​

​

 Am Stoot:

​

-versicht souvill wéi méiglech op chemesch Botzmëttelen ze verzichten

-huelt wäissen Esseg, NaOH (Natron),Zitroun fier doheem propper ze maachen (am Internet fannd Dir Erklärungen dozou)

 

-wäscht synthetesch Matièren net mat 60 Grad a benotzt speziell Säck déi chemesch Partikelen opfänken dass se net an d‘Grondwaasser gelaangen

-wäscht allgemeng bei méi niddreger Temperatur (dat brauch manner Energie)

-Spullmaschinn nëmme benotzen wann se voll gët (soss gët vill Energie a Waasser gebraucht)

 

-geheit keng Medikamenter an den Offloss ( et sin Chemikalien dran) --> eist Drénkwaasser gët verschmotzt

 

​

​

 Hygien, Chemikalien:

​

-benotzt w.e.gl. Biologesch Seefen

-probéiert fest natierlech Seefen och fier Är Hoer ze wäschen

-verzicht am beschten op all Zort vu Chemikalien doheem

-benotzt recycléierte Toilettepapeier

​

​

​

 Kleedung:

​

-verzicht Kleedung an aner Matièren ze kafen déi ënnert schlechten Aarbéchtskonditiounen produzéiert goufen an déi Gëftstoffer beinhalten

-kaaft an 2t Hand Buttéker Är Kleedung oder kaaft nei Kleeder aus biologeschen an net gëftege Stoffer

-Profitéiert vu Vide-dressing, vide-greniers etc

​

​

​

 Elektresch, Luuchten an Elektronik:

 

-wielt dat am meeschten ëmweltfrëndlechst Stroumnetz aus (grénge Stroum) an Internet Sichmaschinn: (lilo, ecosia)

-maacht d‘Luuten an dem Raum aus wou Dir Iech eng Zäitchen net ophaalt

-Vermeid Luuchten déi ganz vill Stroum brauchen wéi z.Bspl. Deckenfluter (300W). Led Biren an Energiespuerluuchten verbrauchen am mannste Stroum

-Profitéiert souvill wéi méiglech vum Sonneliicht a vermeid Iech an däischteren Zëmmeren opzehalen mat der Luucht un, obschon d'Sonn dobaussen nach schéint. Wiesselt vläicht äer Gewunnechten an äer Zäiten (spazéieregoen, am Gaart schaffen etc)

-Loosst Iech beroden wat déi energieeffizientst Apparater sin (Wäschmaschinn, Frigo etc)

-loosst Är elektresch Apparater (tv, dvd, pc) net op standby lafen well sie verbrauchen dann Energie

-elektronesch Apparater: Smartphone, Computer: frot Iech op Dir wierklech deen allerleschte Modell braucht fier am Trend ze sin

-sidd Iech bewoss dass Datentransfer, Internet, Facebook, Twitter an aner sozial Medienvill Stroum brauchen an och Waasser (fier ze killen)

​

​

​

 Heizung, Frigo, Kichen (Schäffchen):

​

-informéiert Ich wéi Dir d‘Heizung am Eanter sollt astellen (permanent op nidreger Stuf un, oder op a ganz zoudréihen)

-huelt all gréisser Miwelen vun der Heizung ewech fier d'Zirkulatioun vun der waarmer Loft net ze verhënneren

-entäisst Äre Frigidaire regelméisseg (Dir spuert dodurch vill Energie)

-loost de Frigo net ze laang opstoen --> vill Energie geet verluer well de Motor méi oftmuss usprangen)

-hëtzt Äre Schäffchen net ze laang vier

-benotzt d‘Mikrowell fier eppes kurz opzehëtzen

​

​

​

 Petrol, Auto:

 

-sidd Iech bewosst dass SUV en méi Bensinn an Diesel verbrauchen well se vill méi en héijt Gewiicht musse fortbewegen

-manner Spritverbrauch: wann Dir mat regelméisseger Vitesse (konstant) fuert, wann Dir manner ferm beschleunegt a méi en héigen Ofstand zu deem vierdrun anhaalt. Dir musst och net déi maximal erlaabte Vitesse fueren --> Dir sidd manner genervt a spuert Suen (Rechebeispill am Unhang)

-analyséiert wéini den Auto am mannste verbraucht andems Dir de Momentanverbrauch um Display iwerwaacht

-loost Ären Auto dat lescht Stéck bis bei d’rout Luucht rullen a gitt ganz vum Gaspedall wann et de Bierg oof geet--> 0,1 l Verbrauch wann e Gank ageluet ass

-Mir roden Iech net en Diesel, e Bensinner, Gas oder Elektroauto ze wielen, frot Äre Händler vu Vertrauen a wielt deen ëmweltfrëndlechsten w.e.gl.

-am mannsten oppwänneg wat Energie ugeet wär et wann Dir ären aalen Auto nach haale géift, ausser e verbraucht vill ze vill.

-Maacht de Motor vum Auto weg aus wann Dir méi laang wéi 3-5 Minutte wëlles hutt stoen ze bleiwen am beschten awer bei 1er Minutt Standzäit schon ausmaachen (Start-Stop-Automatik)

 

​

​

 Plastik:

 

-well aus Petrol hiergestallt: verzicht w.e.gl. dop all Zorte vu Plastik ze kafen

-bleiwt staark a kaaft kee Gedrénks a Plastikfläschen op den Tankstellen (dat ass leider ganz schwéier well et ass bal alles am Plastik)

​

​

​

 Offall:

 

-kuckt als éischt d'Verpakung a vermeid eppes ze kafen wat Offall mécht woumadder Dir dono geplot sidd z.Bspl. Plastik an Aluminium

-trennt w.e.gl. Ären Hausmüll vum Papeier, Glas, Plastik an allem organeschen Offall, Batterien an alles fier d’Superdreckskëscht

-geheit Ä Zigarett net op de Buedem! Am Filter an am Papeier si Chemikalien déi esou an eist Drénkwaasser kommen

-upcycling --> gitt Reschter vu Material méi Wert an en neit Liewen --> gitt kreativ

​

 

 

 Mobilitéit an Transport:

​

-en Auto deelen, net einfach mais ze maachen falls et eng regelméisseg Streck ass an d‘Grupp vu Leit vertrauenswürdeg ass

-benotzt esouvill wéi méiglech den ëffentlechen Transport

-gitt zu Fouss oder fuert mam Velo op d‘Schaff (et fillt een séch gutt dobäi, ass manner gestresst, et ass gesond an et mécht ee säi Sport)

-huelt méi oft d‘Traapen amplaz vum Lift (gratis Sport an Energie gespuert)

​

​

​

 Op der Schaff:

 

-dréckt op 2 Säiten eraus

-benotzt w.e.gl. recycléierte Papeier

-fëllt Iech e Glaskrou (1 liter) mat Leitungswaasser (Krunnewaasser zu Lëtzebuerg gët permanent kontrolléiert)

-maacht d‘Luuchten aus a loosst esouoft wéi méiglech Dagesliicht eran

-stellt Är eegen Taass ënnert de Kaffisautomat, de Sensor erkennt d‘Taass an et gët 1 Plastiksbecher manner verbraucht

-maacht Äre Computer aus a knipst d‘Luucht aus wann Dir de Büro verloost

​

​

​

 Fier Ärt Haus:

​

-denkt w.e.gl. un d’Installatioun vun enger Photovoltaikanlag mat Solarelementer fier Ären Daach

-schwätzt mat ärem Energieberoder dass d'Haus esouvill wéi méiglech Energie verbraucht (myenergy.lu) awer dass et gesond bleiwt dran ze liewen (Schimmelgefor, et soll ee keng Fënster opmaache bei Niddregenergiehaiser etc)

-denkt un de Prinzip vun der Geothermie mat Hëllef vu Wärmepompelen

-leet Iech e Wues un amplaz eng Gummisplan mat Steng driwer, wou d'Reewaasser net an de Buedem sickere kann

-braucht Dir e Golfterrain hannert dem Haus? --> riicht Iech e flott Biotop mat engem Weiher fier Déier a Planzen an

 

​

​

 Fräizäit, Hobby a Reesen:

​

-versicht manner de Fliiger an d’Croisièresschëffer ze huelen (och wa reese gutt deet fier Kultur a Vakanz) mais et ass en immens héige Verbrauch vu Petrol (Kerosin an Diesel).

-Upcycling, maacht Konscht aus Material wat iwereg bleiwt

​

​

​

 Sozialen Emgang:

 

-verkaaft an tauscht ënnert Noperen a Frënn Saachen déi Dir net oft brauche wäert amplaz et nei ze kafen. dingdong.lu/

-Economie vum Deelen uwenden

-vermeid Internetkeef an ënnerstëtzt d'Buttéker am Land an déi national Economie, dat vermeid Transport (Sprit) an Aarbechtsloser

​

​

 

Lëscht vun de Buttéker:

 

Akabobus / Akabobuttek organesch a fair gehandelt a produzéiert Kleedung    8, Rue de Bonnevoie   Luxembourg

MAVELOS Ettelbrück   Organesch Kleeder aus Hanf gemaach

VINTAGE HOME & MORE     Vintage store (re- & upcycled furniture & more)  à Beckerich

Boutique du monde Weltbutték 6 Rue Genistre en ville

Ouni Luxembourg (rue Glesener)

Unverpackt Tréier

https://www.facebook.com/Koulbicher-Uebst-a-Gem%C3%A9is-1746707675630050/

Eis Épicerie Zolwer

De Biobutték

Naturata

Téi vum Séi   100% natierléch

​

​

​

Lëscht vun Internetsäiten:

​

www.sustained.lu    webshop fier nohalteg / ëmweltfrëndlech handgefäerdegt Produkter        upcycling

https://www.beki.lu/fr/achats/vintage-home-and-more       upcycling

rethinkyourclothes.lu

infogreen.lu (Magazin fier Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg)

foodsharing Luxembourg    www.foodsharing.lu    Kontakt fier iwregbliwe Liewensmëttel sichenzekommen

zero-waste Sarl Luxembourg

Refill Lëtzebuerg (facebook Drenkwaasser Opfëllplaatzen)

Dingdong.lu

Break free from plastic

https://www.facebook.com/groups/364068464411426/

green energy, (eenzel Stroumnetzer z.Bspl. Eida)

​

​

​

Restauranten:

 

Kumpir the happy potato (zero waste restaurant)

restaurants opgezielt bei. ecobox.lu

​

​

 

Foiren a Manifestatiounen:

 

https://www.ecobio.alsace/

Bio Foire Gorcy (à 5 km de Longwy)

​

​

​

Methoden fier d'Experten:

 

-probéiert emol eng holzen Zännbiischt
-wann Dir ee Behälter an de Bac vun der Toilette asetzt gët bei all Spullviergang z.Bspl 0,7 l Waasser manner verbraucht
-benotzt e Glasbehälter (Schossel) oder eng original Verpackung fier är Offäll, amplaz vun enger Plastiks Tut

-et gi mëttlerweil Plaatzen wou Dir är Ham, Kéis asw an är eegen "Dous" dragemaach kënnt kréien (Glasbehälter)

​

-boycottéieren, näischt méi vu Marquen kafen déi zevill Plastik benotzen an hier Aarbéchter ausbeuten, Firme wéi z.Bspl........

-maacht Leit dobaussen opmierksam dass se amgaange sin onnéideg vill Energie ze verschwenden, a gitt hinnen Alternativen un

​

​

​

Conclusions :

 

-sidd nees méi gedëlleg, dann akzeptéiert Dir och 4G, genéisst all Moment an otemt eng Kéier gutt déif durch --> manner Stress

-vereinfacht Iech äert Liewen, raumt op an äerem Liewen, loosst lass vu Saachen déi Dir net braucht --> da braucht Dir och keng materiell Saache méi dass et Iech besser geet

-iwerdreiwt awer net dass Dir dat wat Iech am meeschte Plaiséier, Liewensfreed a Liewensqualitéit bereet a verzicht lues a lues

-Mat all dëse Rotschléi verléiert Dir e bësschen Zäit, Comfort  a Luxus, awer Dir kënnt dobäi och Sue spueren.

 

Visions and innovations:

 

Material fier 3d ze printen aus Algen
http://www.primante3d.com/algae-fuel/

 

2)  Fier d'Industrien an d'Entreprisen:

 

-cradle to cradle C2C, (vun der Wéi zur Wéi) wou intelligent an nohlalteg geplangt a gebaut gët mat recyling a rembenotzen vun den agesatenen Materialien + CREE

-Kreesslafwirtschaft, spueren a weiderverwerten vun de Rohstoffer
-alternativ Technologien Bspl.  amplaz vu Lithium-Ione Batterien --> Graphene oder aner héij leitend energiedicht Material, wat manner weit z.Bspl. fier d'Batterien vun Elektroautoen
-benotzt Reewaasser a Waasseropfangbecken z.Bspl fier de Killkreeslaf vu Maschinnen
-Entconstructioun amplaz vum Ofrappen (recycelt Materialer)
-investéiert esouvill wéi méiglech an d'Qualitéit vun äere Filteren fier Verschmotzung ze verhënneren
-Data Zenteren verbrauchen ganz vill Energie an och Waasser fier ze killen (benotzt w.e.gl. erneierbar Energien)                                -Videokonferenzen amplaz an d'Versammlung fléien                                                                                                                   
-verbessert äer Logistik a verhënnert dass äer Navetten mat engem Bus fier e Grapp voll Leit äer eenzel Standorter verbënd
-vermeid Liichtverschmotzung

-iwerschafft äer Verpakungs Art a Weis a verzicht op Plastik an Aluminium

​

                                                                                                                                Hei kommt Dir   

                                                                                                                                an eise Facebookgrupp

  • Facebook
bottom of page